
Den 23. Juni hat de belschen Traditiounsveräin Standard Léck schonn den Transfert vum Laura Miller annoncéiert. Elo koum nach dee vum Julie Marques dobäi.
D’Lëtzebuergerin wiesselt vum AS Wëntger an huet an enger éischter Phas fir eng Saison bei de Rouches ënnerschriwwen. Déi 16 Joer al Stiermerin hat bei der 0:1-Défaite am Testlännermatch géint d’Belsch mat ugefaangen an d’Scouten iwwerzeegt.
Den 11. Abrëll hat d’Julie Marques den decisiven 2:1 géint Liechtenstein geschoss.
D’Julie Marques ass an dëser Transfertperiod nom Laura Miller an dem Kim Olafsson déi 3. Nationalspillerin, déi an d’Ausland wiesselt.