
Hei ass d’Lëtzebuergerin Julie Meynen als 3. an hirer Serie mat enger Zäit vu 25 Sekonnen a 36 Honnertstel op déi 25. vun 81 Plaze komm, wat net duergaangen ass, fir sech fir d’Halleffinall ze qualifizéieren. Si ass 58 Honnertstel iwwert hirem eegene Lëtzebuerger Rekord bliwwen, dee bei 24,78 Sekonne läit.
No den 100 Meter e Mëttwoch ass et haut iwwer 50 Meter awer besser gaangen. De Christian Hansmann, techneschen Direkter vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun, ass sech bewosst, datt senger Schwëmmerin d’Sprintdistanz de Moment besser läit:
“Si huet haut och e gudden Start gemaach, besser wéi iwwer 100 Meter. Si konnt och mat de Meedercher nieft sech gutt kämpfen an huet eng gutt Leeschtung gewisen.”
Wann déi 23 Joer al Schwëmmerin hire nationale Rekord ëm eng Honnertstel verbessert hätt, wier et duergaangen, fir zu Tokio an d’Halleffinall ze kommen.
D’Australierin Emma McKeon huet iwwerdeems e weideren Olympesche Rekord opgestallt. Nodeems si e Mëttwoch schonn en neien Olympiarekord fir 100 Meter Crawl opgestallt hat, ass si elo mat 24,02 Sekonnen nach ee geschwommen. D’McKeon huet den ale Rekord op 50 Meter Crawl, opgestallt zu London 2012 vun der Hollännerin Ranomi Kromowidjojo, ëm 3 Honnertstel iwwertraff an ass zu Tokio domat och d’Favoritin op Gold.
