
D’Julie Meynen ass definitiv och op den Olympesche Summerspiller, déi an 3 Wochen zu Tokio ufänken, dobäi, dat huet de Lëtzebuerger Comité Olympique e Freideg matgedeelt.
D’Schwëmmerin war jo just eng Honnertstel vun der A-Norm ewech, an ass elo iwwert d’B-Norm qualifizéiert. D’Julie Meynen geet iwwer 50 an 100 Meter Crawl un den Depart.
Am Moment besteet d’Lëtzebuerger Delegatioun an der japanescher Haaptstad aus 12 Sportler. De Charel Grethen ass jo och dobäi. Hei huet déi international Liichtathletikfederatioun d’Lëscht mat de qualifizéierten Athleten an Athletinnen e Freideg publizéiert. De COSL huet déi offiziell Confirmatioun nach net kritt.
De COSL huet och annoncéiert, datt de Bommstousser Bob Bertemes de Fändel bei der Schlusszeremonie den 8. August wäert droen.