
Beim Schwammfest vu sengem Diddelenger Veräin um Geesseknäppche, huet de 26 Joer ale Sportzaldot säin eegenen nationale Rekord awer iwwer 50 Meter Papillon ëm 8 Honnertstel kënne verbesseren.
Et waren 27 schwéier Méint an et ass zum Deel och nach ëmmer net ganz einfach, well de Julien Henx gesondheetlech gehäit ass:
Julien Henx:“Ech war effektiv wierklech krank, Longenembolie d’lescht Joer am Mäerz. Ech brauch méi laang fir mech ze erhuelen. Dofir war et ganz erliichterend, datt et de Weekend elo esou komm ass.”
Elo an zwou Wochen ass et de Mare Nostrum zu Monaco. Mëtt Juni geet et op d’Weltmeeschterschaft op Budapest an Ungarn. Zwou Statiounen, déi och am Kalenner vun der Formel-1-Weltmeeschterschaft sinn. D’Kinneksklass aus dem Automobilsport ass eng grouss Leidenschaft vum Lëtzebuerger Schwëmmer. Elo de Weekend gëtt natierlech och nees keng Sekonn vum éischte Grousse Präis vun Miami verpasst.
Julien Henx: “Jo ech fannen et wéi all Mënsch cool. Mä ech mengen, datt d’Pilote vläicht net ëmmer gär op Stadcircuit fueren. Ech war och schonn zu Miami, well ech ee Moment do op d’Uni sollt goen. Ech fannen och dem Lando säin Helm als Basketball cool.”
Nom Weekend an der Formel 1 steet dann awer nees den eegenen Training am Mëttelpunkt. Grousst Zil am Summer ass da fir de Julien Henx d’Europameeschterschaft Mëtt August zu Roum, fir do an d’Halleffinall ze kommen.
Zou Roum ass keng Formel 1 Course, mä dofir jo awer dëse Weekend zu Miami. D’fräi Trainingen den Owend an muer kënnt dir op rtl.lu suivéieren. De Qualifying muer den Owend um 10 Auer, an d’Course mat eisem Virprogramm e Sonndeg den Owend vun 1/4 vir 9 un, sinn dann och Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee.