
Nom Out an der Champions League um Freideg Owend géint Olympique Lyon huet sech Juventus Turin vum Trainer Maurizio Sarri getrennt.
Den italienesche Champion huet am Réckmatch zwar 2-1 géint Lyon gewonnen, allerdéngs ass dëst nom 0-1 aus dem Allersmatch net duergaangen an dowéinst war schonns an den Aachtelsfinalle Schluss.
De Maurizio Sarri war deemno nëmmen eng Saison Trainer op der Juventus.