Dammen-HandballKäerjeng an Diddeleng weider punktgläich un der Spëtzt

RTL Lëtzebuerg
D'Damme vum HB Käerjeng hu mat enger 28:22-Victoire zu Dikrech hir Aufgabe gemaach a bleiwen domat weider un den Diddelenger drun.
© AFP

En Donneschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Dammen den Ofschloss vum 8. Spilldag am Titel-Playoff.

Duerch eng Victoire fir den HB Käerjeng géint de CHEV Dikrech bleift et an der Course ëm de Championstitel weider spannend. No 30 Minutte stoung fir d’Lokalekipp vun Dikrech e Réckstand vu véier Goler, deen och an der zweeter Hallschent vum Match ëmmer weider gewuess ass. D’Käerjenger ware méi konstant a séchere sech um Enn mat engem verdéngten 28:22 zwee wichteg Punkten am Duell ëm de Championstitel.

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball

Back to Top
CIM LOGO