
An der Finall sinn déi zwou bescht Ekippen vun der Saison openeengetraff, déi och de Championstitel ënnert sech ausgemaach hunn. An den éischte Minutten konnt sech Käerjeng e Virsprong vu 5 Goler erausspillen, mee Diddeleng ass nees zeréck an de Match komm, huet de Réckstand nees opgeholl, sou datt et mat engem 11:11 an d’Paus gaangen ass.
Käerjeng ass awer vill besser aus der Paus komm a war séier nees däitlech mat 18:11 a Féierung. Dëse Réckstand konnt Diddeleng dann och net méi ophuelen, Käerjeng huet de Match souverän bis op en Enn gespillt a gewënnt däitlech mat 27:20.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball