
Um Bergisel zu Innsbruck goufen et am 1. Duerchgang direkt eng puer Iwwerraschungen. Souwuel de Leader virum 3. Sprangen an der Tournée den Halvor Egner Granerud, sou wéi och den zweeten am General, de Karl Geiger, hu keng gutt Spréng gewisen a sinn nëmmen op de Plazen 29 a 30 am 1. Duerchgang gelant. Profitéiere konnt de Kamil Stoch, dee mat sengem Sprong op 127,5 Meter nom 1. Duerchgang op der 1. Plaz louch, virum Slowen Anze Lanisek an dem Japaner Ryoyu Kobayashi. Den Dawid Kubacki louch op der 5. Plaz an de Markus Eisenbichler op der 15. Plaz.
Anert Bild am zweeten Duerchgang. Den Däitsche Karl Geiger ass 128,5 Meter gesprongen (16. Plaz), den Halvor Egner Granerud (15. Plaz) 127,5 Meter. Trotz enger besserer Leeschtung verléiere si am General Punkten, virun allem op d’Sprénger aus Polen. D’Victoire zu Innsbruck huet sech mat 2 super Spréng de Kamil Stoch (261.60) geséchert, mat 12 Punkte virum Anze Lanisek (249.60). Op déi 3 Plaz sprengt den Dawid Kubacki.
Am General ass de Kamil Stoch domat och elo neie Leader.