Meeting zu MetzKann de Charel Grethen säi Rekord iwwer 3.000 Meter briechen?

Tom Flammang
Dëse Samschdeg ass zu Metz en internationalen Indoor Meeting. Och eng Partie Lëtzebuerger ginn un den Depart. Am Stream ginn d'Epreuven op RTL.lu gewisen.
Charel Grethen wëll ee neien Indoor-Rekord lafen
am Interview mam Tom Flammang

De Charel Grethen war iwwert de Joreswiessel a Südafrika an ass viru Kuerzem aus dem Stage zréck komm. Do huet hie sech konsequent op déi nei Saison preparéiert.

Zu Metz geet den CSL-Athlet iwwert 3.000 Meter un den Depart a kéint mat senger aktueller Form no u säin eegenen Indoor Rekord eru kommen. Dee Rekord war hien d’lescht Joer Enn Januar um Regio Meet an der Coque gelaf. De Chrono war deemools bei 7 Minutten 48 Sekonnen an 19 Honnertstel stoe bliwwen. Héichpunkt vun der Indoor Saison ass d’Europameeschterschaft zu Istanbul, déi vum 2. bis de 5. Mäerz ass.

Den internationale Meeting vu Metz kënnt Dir vu 16 Auer u live op rtl.lu am Stream kucken. De Charel Grethen geet um 17:45 un den Depart vun der A Finall iwwer 3.000 Meter.

Eng ganz Réi un aner Lëtzebuerger Athlete stinn och zu Metz um Depart.

Startlëscht Fraen

Back to Top
CIM LOGO