
Den Aleksander Karapetian spillt déi nächst Saison an der éischter russescher Liga beim FK Sotchi. Den Stiermer huet e Kontrakt vun engem Joer mat der Optioun op e weidert Joer ënnerschriwwen. De fréiere Spiller vun Nidderkuer sollt eigentlech vum Progrès bei de Racing wiesselen.
A Russland fänkt Saison den 13. Juli un. Um éischten Spilldag spillt Sotchi géint Spartak Moskau. De 4. August spillen zwee Ex-Nidderkuerer géinteneen. Dann trëfft Sotchi op den FK Ufa, de Veräin vum Oli Thill.