
De Karim Benzema, Spiller bei Real Madrid, gouf de Mëttwoch de Moie schëlleg gesprach an der Affär ronderëm e Sex Tape, mat deem hien 2015 ee vu senge franséische Matspiller, de Mathieu Valbuena, erpresst huet.
Béid Spiller hate wéinst dësem Skandal hir Plaz am franséische Kader verluer. Nieft dem Benzema waren nach 4 aner Persounen ugeklot.