
Mat zwee Spréng op 132 an 141 Meter konnt sech den Däitsche Karl Geiger op der Hochfirstschanze am Schwarzwald d’Victoire sécheren. De Slowen Anze Lanisek klasséiert sech virum Markus Eisenbichler op der 2. Plaz.
Am Weltcup huet de Karl Geiger duerch d’Victoire nees d’Féierung iwwerholl.