
Am 1. Duerchgang war et de Karl Geiger aus Däitschland, deen de beschte Sprong gewisen huet. Hien hat eng knapp Avance vun 1,3, respektiv 1,4 Punkten op de Marius Lindvik an de Philipp Aschenwald. Eng ganz Partie Favoritten hunn am éischten Duerchgang Problemer mam Réckewand gehat an hunn esou u Buedem verluer, ënnert anerem waren dat de Marius Eisenbichler an den Halvor Egner Granerud.
Den Eisenbichler, 27. am 1. Duerchgang, konnt am 2. Duerchgang mat engem Bommesprong op 142 Meter iwwerzeegen. Och de Granerud konnt sech mat sengem zweete Sprong no vir schaffen. Lindvik, Stoch a Geiger, déi allen dräi am 1. Duerchgang staark waren, hunn am 2. Duerchgang hir Leeschtung confirméiert. Um Enn wënnt de Karl Geiger mat 2,8 Punkten Avance virum Kamil Stoch. Déi drëtte Plaz goung un de Marius Lindvik. D’Plaze 4 a 5 ware fir de Granerud an den Eisenbichler.