Lëtzebuerger Futtballer am AuslandKarpaty verléiert trotz Gol vum Tim Hall

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland huet de Maurice Deville mat Waldhof Mannheim 2:2 gläichgespillt. Hie gouf iwwerdeems fir de Gol vum Mount an der Sportschau nominéiert.
© pressphoto (Archiv)

An der Ukrain verléiert Karpaty mam Tim Hall a mam Marvin Martins, déi alle Béid an der éischter Eelef stoungen, mat 1:2 géint Olexandrija. Den Tim Hall konnt den 1:1 fir seng Faarwe markéieren, ma um Enn sollt säi Gol awer net duergoen.
Dynamo Kiew gewënnt zu Kovalivka däitlech mat 4:0. Allerdéngs souz de lëtzebuergesche Nationalspiller, Gerson Rodrigues, während 90 Minutten op der Bänk a konnt soumat näischt zu dëser Victoire bäidroen.

An der Ligue 1 a Frankräich huet koum d’Ekipp vum Gerard Lopez, OSC Lille, net iwwert en 2:2 géint Nîmes eraus. An der 12. Minutt konnt de Loic Remy d’Heemekipp zwar a Féierung bréngen mee Nîmes konnt de Match duerch zwee Goler an der 45.+5. Minutt an an der 71. Minutt dréinen. Mam 2:2 an der 79. Minutt duerch den Osimhen huet dësen nach e Punkt gerett. An der Tabell steet Lille op der 5. Plaz.

Samschdeg

An der 1. Bundesliga huet Mainz 2:1 zu Paderborn gewonnen. De Laurent Jans souz bei Paderborn de komplette Match iwwer op der Bänk, de Leandro Barreiro gouf iwwerdeems an der Nospillzäit fir d’Null-Fënnefer agewiesselt.

Bei der knapper 0:1-Defaite vum FK Ufa géint Akhmat Grozny war den Olivier Thill vun Ufank u mat vun der Partie. D’Gäscht si fréi duerch de Wilker a Féierungen gaangen. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller hat am weidere Verlaf vun der Partie der Néierlag näischt méi entgéintzesetzen. Den Olivier Thill gouf an der 76. Minutt ausgewiesselt.

A Schweden war de Lars Gerson bei engem geckege Match tëscht sengem IFK Norrköping a Sundsvall dobäi. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet d’Partie ugefaangen, an där net manner wéi 8 Goler gefall sinn. Norrköpping louch no den éischter 45 Minutten 0:3 hannen, huet awer an der 2. Hallschecht eng Schëpp dropgeluecht. De Lars Gerson huet de 4:4-Ausgläich fir seng Faarwe virbereet an de Match duerchgespillt. Um Enn blouf et beim 4:4.

Fir de Jeff Saibene gouf et an der 3. Liga an Däitschland mat Ingolstadt eng däitlech Victoire zu Großaspach. Den Trainer vum FCI konnt mat senger Ekipp 5:1 gewannen. Ingolstadt steet mat dësem Succès am ieweschten Drëttel vun der Tabell.

Kee besonnesch schéinen Nomëtteg hat de Maurice Deville mat Waldhof Mannheim an der 3. Liga. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet mat sengem Club 2:2 gläichgespillt a gouf kuerz virun der Paus an der 43. Minutt ausgewiesselt. De Maurice Deville gouf iwwerdeems an Däitschland fir de Gol vum Mount nominéiert. Säi Gol géint Uerdingen huet et an d’Topp-5 gepackt.

Den 1. FC Kaiserslautern, de Veräin vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca, konnt een däitlechen 3:1-Erfolleg géint Carl Zeiss Jena feieren. Och Royal Excelsior Virton, deen aner Club vum Flavio Becca, konnt ee Succès feieren. Beim 1:0 war den Anthony Moris an den Dave Turpel vun Ufank un am Asaz. De Kevin Malget huet op der Bänk ugefaangen.

Freideg

An der 2. Bundesliga stoung den Dirk Carlson bei der Partie vum Karlsruher SC géint Darmstadt vun Ufank un um Terrain. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet de Match och duerchgespillt. D’Partie fir de Kont vum 9. Spilldag ass iwwerdeems mat 1:1 op en Enn gaangen - fir de KSC hat den Hofmann an der 9. Minutt getraff.

Back to Top
CIM LOGO