Wéinst Vergewaltegung verurteeltKautioun vun enger Millioun Euro bezuelt - Dani Alves nees op fräiem Fouss

RTL Lëtzebuerg
No eppes méi wéi 14 Méint ass de fréiere Futtballprofi Dani Alves e Méindeg a Spuenien virleefeg aus dem Prisong erausgelooss ginn.
© AFP

De Brasilianer huet dofir eng Kautioun vun enger Millioun Euro bezuelt. De 40 Joer ale Futtballspiller war am Februar wéinst enger Vergewaltegung am Joer 2022 zu véier an engem hallwe Joer feste Prisong verurteelt ginn. Dogéint ass hien an Appell gaangen an huet gefrot, fir bis zum Appellsprozess dierfen aus dem Prisong erauszekommen.

Back to Top
CIM LOGO