
Am Spëtzematch huet den éischte vu Rodange misste bei den zweeten op d’Millebaach reesen. Ma hei blouf et beim 1:1, esou datt Rodange weider un der Spëtzt vun der Tabell läit, mat 49 Punkten an 2 Avance op Millebaach.
Hesper da ka sech mat 5:0 géint Ierpeldeng duerchsetzen an duerch d'0:1-Néierlag vun der US Esch zu Jonglënster sti si elo eleng op der 3. Plaz mat 46 Punkten, dat dräi virun Esch.
Um Wupp vun der Tabell konnt sech Wuermer 1 Punkt zu Käerjeng sécheren, domadder ass et hiren 9. an dëser Saison. Béid Ekippe virun hinnen, Sandweiler (14 Punkten) an Ierpeldeng (17), konnten net gewannen.