
Suite vum 20. Spilldag an der Bundesliga mat fënnef Partië e Samschdeg de Mëtteg an enger Owespartie. Dorënner Mainz géint Bayern, an hei stoung de Leandro Barreiro bei de Mainzer an der Starteelef.
Leipzig – Gladbach 2:2
0:1 Pléa (24'), 0:2 Hofmann (35'), 1:2 Schick (50'), 2:2 Nkunku (89')
E Samschdegmëtteg hat Bayern d’Tabellespëtzt vun der Bundesliga iwwerholl, déi wollte sech d’Bullen am Match géint Gladbach nees zeréckhuelen. Et waren awer d’Gäscht, déi an den éischte 45 Minutten den Toun uginn hunn. De Fransous Pléa an den Däitschen Hofmann hu fir d'2:0-Féierung gesuergt. 5 Minutten nom Säitewiessel huet de Schick den 1:2-Uschlossgol markéiert an domat war RB nees am Match.
D’Jonge vum Trainer Nagelsmann sinn am eegene Stadion ugelaf an hinnen ass schliisslech eng Minutt viru Schluss den 2:2-Ausgläich gelongen. De jonke Fransous Nkunku huet sech aus der Distanz en Häerz geholl an dat ronnt Lieder mat engem secke Schoss verwandelt. Leipzig bleift no deem Punkt hannert dem FCB, dat mat engem Punkt Réckstand.
Mainz - Bayern 1:3
0:1 Lewandowski (8'), 0:2 Müller (14'), 0:3 Thiago (26'), 1:3 St. Juste (45')
Et war den 2. Asaz fir de Leandro Barreiro vun Ufank un an der Bundesliga dës Saison, an dat ausgerechent géint den däitsche Rekordmeeschter Bayern München. Déi Mainzer waren am eegene Stadion gefuerdert, et ass een nämlech matten am Ofstigskampf.
Mat 3 séiere Goler war den FCB an der Ufanksphas vum Match immens staark. De Leandro Barreiro war u kengem Géigegol bedeelegt a konnt sech no ronn 20 Minutte mat engem Schoss un de géigneresche Potto fir d’éischte Kéier weisen.
Bayern war awer insgesamt ze staark, och wann d’Heemekipp duerch de St. Juste den Uschlosstreffer fir Mainz käppe konnt. Esou goung et mat engem agreabelen Avantage fir den FCB an d’Paus.
Nom Säitewiessel huet sech de Match e bësse berouegt. An der 72. Spillminutt ass de Leandro Barreiro dunn ausgewiesselt ginn an esou goung et fir déi Mainzer an déi lescht Véierelsstonn. Den däitsche Rekordmeeschter huet e puer Gäng zeréckgeschalt a sech domat dach souverän géint Mainz duerchgesat.
Dortmund - Union Berlin 5:0
1:0 Sancho (13'), 2:0, 5:0 Haaland (18', 76'), 3:0 Reus (68'), 4:0 Witsel (70')
De BVB goung favoriséiert an de Match géint Union Berlin: Schwaarzgiel wollt géint den Opsteiger näischt ubrenne loossen. No den éischte Minutten huet dëse Projet, no Goler vu Sancho an Haaland, dann och gutt ausgesinn. Dortmund goung mat engem 2:0-Virsprong op den Téi.

Och am weidere Verlaf vun der Partie war d’Victoire vun Dortmund net wierklech a Gefor. Spéitstens nom 3:0 vum Reus via Eelefmeter an dem 4:0 vum Witsel waren de Borussen déi 3 Punkten net méi ze huelen. Ronn eng Véierelsstonn viru Schluss huet den Haaland op en Neits getraff, deen domat säi 7. Gol am 3. Match markéiere konnt.

Hoffenheim - Leverkusen 2:1
0:1 Diaby (11'), 1:1 Kramaric (23'), 2:1 Skov (65')
D’Werkself ass fréi an der Partie géint d’TSG vun Hoffenheim a Féierung gaangen, dat duerch ee wonnerbare Gol vun der jonker Vedette Diaby. D’Äntwert vun der Heemekipp huet net laang op sech waarde gelooss, wéi de Kramaric ausgläiche konnt - 1:1 an der Paus. Nom Téi goufen déi Leverkusener um falsche Fouss a erwëscht an esou hu si de Match aus der Hand ginn. De Skov konnt nämlech op 2:1 fir d’Heemekipp setzen. Am weidere Verlaf huet Hoffenheim d’Féierung iwwer d’Zäit bruecht a virum eegene Public de vollen Asaz kritt.
Augsburg - Bremen 2:1
0:1 Jedvaj (23') - Selbstgol, 1:1 Niederlechner (67'), 2:1 Vargas (82')
Bremen ass matten am Ofstigskampf a wollt zu Augsburg mat enger Victoire een Ausruffzeeche setzen. E bësse glécklech sinn d’Werderaner duerch ee Selbstgol vum Jedvaj a Féierung gaangen a konnten déi och bis an d’Paus mathuelen. An der 2. Hallschecht huet sech de Wand awer gedréit an d’Augsburger sinn duerch e Gol vum Niederlechner zeréck an de Match komm. An der Schlussphas vum Match huet dunn de Vargas fir d’Heemekipp nach een drop gesat an domat de Süddäitschen 3 Punkte geséchert. Bremen ass weiderhin an der Kris.
Düsseldorf - Frankfurt 1:1
1:0 Ayhan (78'), 1:1 Chandler (90'+4)
No éischte 45 Minutten ouni Goler goung et mat engem 0:0 tëscht der Fortuna an der Eintracht an d’Paus. Och nom Säitewiessel ware Goler éischter eng Mangelwuer. Ma kuerz viru Schluss sinn d’Fortunen awer a Féierung gaangen, dat duerch ee Fräistouss vum Ayhan. Et huet esou ausgesinn, wéi wann Düsseldorf no sengem Trainerwiessel een Dräier géif kréien, dat war d’Rechnung ouni de Wiert gemaach. An der Nospillzäit ass dem Chandler den 1:1-Ausgläich gelongen.
Schonn e Freideg hu sech d’Hertha a Schalke d’Punkte bei engem 0:0-Remis gedeelt.