Champions LeagueKee Gewënner tëscht Dortmund a Mailand, PSG verléiert géint Newcastle

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems kënnen den Atletico, Donezk, Lazio Roum, Manchester City a Barcelona hir Matcher gewannen. Belgrad a Bern spillen dogéint 2:2 gläich.
© Ina Fassbender / AFP

Resumé Champions League vum Guy Seyler

Nodeems et um Dënschdeg den Owend den Optakt vum zweete Spilldag an der Champions League gouf, sinn e Mëttwoch déi aner Matcher vun dësem Spilldag gespillt ginn. Dobäi koum et beim Match Borussia Dortmund géint AC Mailand zum Openeentreffen vun zwou Traditiounsekippen, déi nach op déi éischte Victoire an der Kinneksklass waarden. Béid Formatioune kommen allerdéngs net iwwert en 0:0 eraus, soudatt béid Ekippen ëmmer nach op hir éischte Victoire waarde mussen. Am anere Match am Grupp F ka sech Newcastle United géint de PSG duerchsetzen. D’Englänner gewanne souverän mat 4:1 géint de franséische Meeschter.

D’Spectateure kruten am Match am Grupp E tëscht Atletico Madrid a Feyenoord Rotterdam e richtegt Spektakel gebueden. Béid Formatiounen hu sech näischt geschenkt an hu mat voller Vitess no vir gespillt, soudatt et zur Paus 2:2 stoung. Nom Téi huet Atletico Madrid séier den drëtte Gol markéiert an op 3:2 erhéicht. Dëse Score konnte si bis zum Enn halen, soudatt d’Spuenier géint Hollänner mat 3:2 gewannen. Am zweete Match ka Lazio Roum a leschter Sekonn mat 2:1 géint Celtic Glasgow gewannen.

Am Grupp H ka Barcelona knapps mat 1:0 géint Porto gewannen. Wougéint Belgrad a Bern sech an engem ëmkämpfte Match mat 2:2 trennen.

Am Grupp G ka sech Schachtar Donezk géint Royal Antwerpen duerchsetzen. Dobäi haten d’Belsch de bessere Start an de Match erwëscht a louchen no 33 Minutte scho mat enger Zwee-Goler-Avance a Féierung. An der zweeter Hallschent konnten d’Ukrainer awer duerch eng kämpferesch Leeschtung de Match dréinen, soudatt dës auswäerts mat 3:2 gewanne kënnen. Manchester City gewënnt an engem montere Match mat 3:1 géint Leipzig.

Grupp F

Borussia Dortmund - AC Mailand 0:0

D’Spectateure kruten zu Dortmund e montere Match ze gesinn. Béid Formatioune wollte vun Ufank un op e Gol goen a sinn deementspriechend opgetrueden. Esou ass et op an of gaangen a béid Ekippen hu sech eng sëllege Golchancë kreéiert. Déi éischt nennenswäert Chance ass op de Kont vun den Dortmunder gaangen. Esou huet de Malen an der 6. Minutt bal dervu profitéiert, datt den Thiaw de Ball net richteg kläre konnt. Allerdéngs war de jonken Hollänner liicht iwwerrascht, datt hien zum Ofschloss koum, soudatt dësen de Ball just nieft de Gol gesat huet. De Mailänner Thiaw hat iwwerdeems déi éischte Chance fir seng Faarwen. Dësen ass no engem Corner zum Kappball komm, mä de Mailänner konnt de Ball net am Gol ënnerbréngen. No 25 Minutte koum den Dortmunder Bensebaini no enger Fräistoussflank zum Kappball, deen allerdéngs net cadréiert war. Dräi Minutten drop huet de Malen de Gol mat sengem Schoss nëmmen ëm Zentimeter verfeelt. Dortmund war zu deem Zäitpunkt déi besser Ekipp an huet op den 1:0 gedréckt. An der 30. Minutt huet de Maignan sech dunn am Mailänner Gol laang misse maachen, fir dem Füllkrug säi Wäitschoss ze paréieren. Doropshi konnt keng Formatioun méi e Golkipp zwéngend ënner Drock setzen, soudatt et mat engem 0:0 op den Téi gaangen ass, woubäi Dortmund allerdéngs besser am Match war.

D'Highlights aus der éischter Hallschent tëscht Dortmund a Mailand
An der zweeter Hallschent waren d’Chancen dogéint rar geseet.

Nom Téi hat een den Androck, datt béid Formatiounen e bëssen d’Vitess aus dem Spill geholl hunn, soudatt et net méi souvill Golchancë goufen. Béid Formatiounen hu sech ofgetaascht, woubäi keng Formatioun méi Spillundeeler wéi déi aner hat. Déi beschten Occasioun hat allerdéngs den AC Mailand am Numm vum Pulisic, deen de Kobel an der 54. Minutt mat engem Schoss aus der Dréiung zu enger Parad gezwongen huet. Doropshin ass net méi vill am Match geschitt, bis datt Dortmund mam Bynoe-Gittens frësche Wand an de Match bruecht huet. Dësen hat och schonns direkt no senger Awiesslung eng gutt Occasioun, allerdéngs ass dem jonken Englänner säi Schoss iwwert d’Lat ewech geflunn. An der 86. Minutt konnt de Kobel am Dortmunder Gol seng Faarwen dunn am Spill halen. Dëst nodeems de Schwäizer e Schoss vum Chukwueze glänzend paréiere konnt. An der Schlussphas ass Dortmund geschwommen a Mailand huet probéiert e Gol ze markéieren an domadder déi dräi Punkte mat heem ze huelen. Allerdéngs sollt hinne kee Gol méi geléngen.

Um Enn trenne sech béid Formatioune mat 0:0. Dobäi waren déi Dortmunder an der éischter Hallschent besser, woubäi d’Mailänner an der zweeter Hallschent liicht d’Iwwerhand haten.

Newcastle United - PSG 4:1
1:0 Almiron (17'), 2:0 Burn (39'), 3:0 Longstaff (50'), 3:1 Hernandez (56'), 4:1 Schär (90'+1)

De Resumé vum Match tëscht Newcastle an dem PSG
Newcaslte léisst PSG keng Chance a gewënnt mat 4:1.

Grupp E

Atletico Madrid - Feyenoord Rotterdam 3:2
0:1 Hermoso (7', Eegegol), 1:1 Morata (12'), 1:2 Hancko (34'), 2:2 Griezmann (45'+4), 3:2 Morata (47')

Celtic Glasgow - Lazio Roum 1:2
1:0 Furuhashi (12'), 1:1 Vecino (29'), 1:2 Pedro (90'+5)

De Resumé vu béide Matcher am Grupp E
Feyenoord verléiert en intensive Match. Lazio Roum gewënnt a leschter Sekonn.

Grupp G

RB Leipzig - Manchester City 1:3
0:1 Foden (25'), 1:1 Openda (48'), 1:2 Alvarez (84'), 1:3 Doku (90'+2)

Roter Stern Belgrad - Young Boys Bern 2:2
1:0 Ndiaye (37'), 1:1 Ugrinic (48'), 1:2 Itten (Eelefmeter, 62'), Bukari (88')

De Resumé vu béide Matcher am Grupp G
Leipzig verléiert géint Manchester City. Belgrad a Bern trenne sech mat 2:2.

Grupp H

Royal Antwerpen - Schachtar Donezk 2:3
1:0 Muja (3'), 2:0 Balikwisha (33'), 2:1 Sikan (48'), 2:2 Rakytskyy (71'), 2:3 Sikan (76')

FC Porto - FC Barcelona 0:1
0:1 Ferran Torres (45'+1)

De Resumé vu béide Matcher am Grupp H
Donezk a Barcelona kënnen hir Matcher gewannen.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO