
D’Lëtzebuerger Federatioun freet sech, dass mat Tréier relativ schëtzeg en neien Organisateur fonnt ginn ass. “Tréier ass aus Lëtzebuerger Sicht optimal wéinst der kuerzer Distanz. Dat vereinfacht d’Virbereedung a erliichtert et de Supporter, eis Sportler ënnerstëtzen ze kommen. Dozou kënnt, dass zënter Joren den däitsche Veräin eng etlech Lëtzebuerger Spiller a senge Reien zielt”, esou de Jean-Marc Hoffmann, Vizepresident vun der FLQ an enger éischter Reaktioun.
D’Weltmeeschterschaft zu Tréier gëtt vum 15. bis den 23. Juli 2022 gespillt.