
Den neien Trainer gouf awer net presentéiert, well hien nach an engem anere Kontrakt dran ass. 5 Leit vum Staff halen de Moment den Training bis den neie Mann kënnt. Déi 5 Leit vum Trainerstaff heeschen Zeghdane, Puccia, Bouazzati, Mangione an Du Ville.
14 Spiller goufe virgestallt ënner anerem verschidde jonk Lëtzebuerger, déi d’Championnat kennen, wéi de Youn Czekanowicz, de Jan Ostrowski oder de Florik Shala. Virun allem sinn déi Hesper frou, datt de Cédric Sacras nees zréckkënnt. Et war nieft dem Sacras-Transfert schonn am Virfeld gewosst, datt den Achraf Drif an den Geordan Dupire bei de Veräin géife stoussen. Donieft goufen ënner anerem den Hervé Kage vu Courtrai engagéiert an och den El Hadi Belameiri. Déi 2 Spiller hunn e relativ intressanten internationalen CV.
Verschidde Spiller hunn de Veräin verlooss wéi zum Beispill de Joel Pedro an Direktioun Mamer, de Nicolas Perez geet op Stroossen spillen an den Emmanuel Françoise ass elo beim Racing.
Kloer ass, datt d’Ambitioune beim Swift grouss sinn. Den Titel gëtt ganz kloer ugestrieft.