
Dem Ken Corral säi Kontrakt op der Fola leeft am Summer aus an dee wëll hie wuel net verlängeren. De Corral soll bei den Opsteiger Swift Hesper wiesselen an do e Kontrakt iwwer 3 Joer mat der Optioun op e weider ënnerschreiwen.
Den neie Swift-Trainer Jeff Strasser wollt de Ken Corral mat op den Holleschbierg huelen.