
Leverkusen - Werder Bremen 2:2
Am Toppmatch vum 9. Spilldag gouf et an der éischter Halschent vill Feelpäss vu béiden Ekippen. Mee an der 4. Minutt war et den Toprak deen de Ball onglécklech an den eegene Gol deviéiert huet an esou goung Leverkusen mat 1:0 a Féierung. Allgemeng war Leverkusen och déi besser Ekipp wëll se méi vir de Match gemaach hunn. An der 40. Minutt war et dann awer de Rashica dee mat engem ofgefälschtene Schoss aus 25 Meter den 1:1 konnt schéissen.
Kuerz no der Paus (48.’) konnt Bremen dann esouguer a Féierung goen, dat nodeems de Klaassen de Ball aus 16 Meter an de Gol schéisse konnt. D’Heemekipp konnt awer nees zeréckkommen, nodeems den Alario an der 58. Minutt no Viirarbescht vum Bellarabi ausgläiche konnt. An der 71. Minutt gouf e Gol vum Alario no Videobeweis an no engem Handspill vum Amiri oferkannt. Dëst war allerdéngs eng ganz haart Entscheedung.
Schalke 04 - Borussia Dortmund 0:0
An den éischte 45 Minutte war Schalke déi besser Ekipp an hat och direkt 2 richteg gutt Chancen. An der 28. Minutt huet de Sané de Ball no enger Flank op d’Lat gekäppt an an der 34. Minutt huet den Hummels de Ball am eegene Strofraum dem Delaney an d’Gesiicht geschoss, de Serdar krut de Ball an huet aus kuerzer Distanz op de Potto geschoss. Bis op eng Chance vum Sancho an der 3. Minutt waren d’Gäscht zimlech harmlos.
Och no der Paus war Dortmund relativ harmlos a Schalke déi besser Ekipp, mee konnte sech net belounen. Eng kritesch Situatioun gouf et wéi den Hazard am Strofraum de Ball mat der Hand gespillt huet an dëst awer net mam Videobeweis gepréift gouf.
Bayern München - Union Berlin 2:1
An der éischter Halschent war Bayern déi kloer besser Ekipp a konnt an der 13. Minutt duerch e schéine Gol vum Pavard a Féierung goen. Union Berlin stoung defensiv gutt, mee konnt sech offensiv keng Chance erausspillen.
An der 53. Minutt konnt de Lewandowski mat sengem 12. Gol den 2:0 schéissen éier Union Berlin an der 58. Minutt en Eelefmeter krut, mee dësen konnt den Neuer paréieren. Kuerz viru Schluss gouf et nach eng Kéier Eelefmeter fir Berlin an dës kéier konnt de Polter de Ball am Gol ënnerbréngen. Dësen koum dann awer ze spéit, fir nach eppes um Resultat ze änneren.
Freiburg - Leipzig 2:1
Leipzig war 45 Minutte laang déi besser Ekipp mat méi Ballbesëtz, hat 12 Chancen mee konnt keng dovunner verwäerten. An der 45.+2.’ war et dann Freiburg déi äiskal duerch den Höfler zougeschloen hunn.
Ganz zum Schluss vum Match konnt de Petersen an der 90. Minutt den 2:0 schéissen an och wann de Klostermann nach eng kéier op 1:2 konnt verkierzen, sou koum dëse Gol awer ze spéit a Freiburg ka weider iwwerraschen.
Paderborn - Düsseldorf 2:0Hertha Berlin - Hoffenheim 2:3
0:1 Locadia (33.’), 0:2 Kramaric (38.’), 1:2 Lukebakio (55.’), 2:2 Kalou (69.’), 2:3 Hübner (80.’)