
De Weltrekordler Eliud Kipchoge huet fir d’zweete Kéier den olympesche Marathon gewonnen an ass domadder mam legendären Abebe Bikila an dem Waldemar Cierpinski gläichgezunn.
Um leschten Dag vun den Olympesche Spiller zu Tokio huet de 36 Joer ale Kenianer mat enger Zäit vun 2:08:38 Stonne gewonnen. Sëlwer war fir den Hollänner Abdi Nageeye (2:09:58). An de Belsch Bashir Abdi (2:10:00) konnt sech iwwer Bronze freeën.
Fir de Kipchoge ass et déi véiert Olympia-Medail. Déi éischt hat hien als Teenager 2004 zu Athen mat Bronze iwwer 5.000 Meter gewonnen.
