
Den Ukrainer hat sech mat zwielef Joer an zwee Deeg esou laang wéi keen anere Boxer am Schwéiergewiicht an der Geschicht vum Boxen um WM-Troun gehalen. Och säi Brudder Vitali Klitschko gouf schonn an den elitäre Krees opgeholl.
Op der aktueller Lëscht, déi déi International Boxing Hall of Fame verëffentlecht huet, stinn och nach den ongeschloene Floyd Mayweather an d’Laila Ali, d’Duechter vun der Box-Legend Muhammad Ali, déi hir 24 Kämpf alleguer gewonnen huet.