
England steet als éischt Ekipp an den Halleffinalle vun der WM am Damme-Futtball. Si hu sech en Donneschdeg den Owend kloer mat 3:0 géint Norwegen duerchgesat.
England ass duerch e Gol vum Scott direkt an der 3. Minutt a Féierung gaangen. An der 40. Minutt huet d’White dunn op 2:0 erhéicht. An der 57. Minutt huet d’Bonze déi drëtte Kéier markéiert.
Freideg, 28. Juni um 21h00: Frankräich-USA
Samschdeg, 29. Juni um 15h00: Italien-Holland
Samschdeg, 29. Juni um 18h30: Däitschland-Schweden