Internationale FuttballKloer Victoirë fir Leverkusen a Liverpool

RTL Lëtzebuerg
An der däitscher Bundesliga huet Leverkusen auswäerts mat 4:1 géint Augsburg gewonnen a Liverpool huet Huddersfield mat 5:0 geklappt.
Den Naby Keita vu Liverpool.
Den Naby Keita vu Liverpool.
© AFP

Bundesliga

Augsburg - Bayer Leverkusen 1:4

Fir de Kont vum 31. Spilldag an der Bundesliga huet Leverkusen e Freideg den Owend zu Augsburg näischt ubrenne gelooss a sech souverän mat 4:1 behaapt. D’Wierkseelef huet doduerch an der Course ëm d’europäescht Geschäft virgeluecht.

An der Ufanksphas hat et nach net no esou enger souveräner Victoire vu Leverkusen ausgesinn. Béid Ekippen hunn op Aenhéicht gespillt an et ass vun der éischter Minutt u monter hin an hier gaangen an et gouf ëmmer nees ganz geféierlech Chancen. An der 12. Minutt ass dann och schonn den éischte Gol gefall. No engem Corner vum Schmid hat den Danso de Ball mam Kapp an de lénksen Eck gesat. Den 1:0 fir Augsburg. Nëmmen dräi Minutte méi spéit hat de Volland bal fir den 1:1 gesuergt, ma säi Schoss ass un der Lat hänke bliwwen. Leverkusen huet dunn ëmmer méi d’Kontroll am Match iwwerholl an Augsburg ass kaum nach aus senger Hallschent erauskomm. D’Ekipp vum Bosz wollt onbedéngt ee weidere Gol markéieren, an den éischte 45 Minutten ass hinnen dat awer net méi gelongen.

No der Paus waren d’Gäscht weider déi besser Ekipp an esou ass een no 48. Minutten duerch den Havertz verdéngt mat 2:1 a Féierung gaangen. Leverkusen huet och no der Féierung weider den Toun uginn. An der 60. Minutt huet den Tah den 3:1 markéiert. De Kobel hat de Fräistouss vum Brandt nach ofgewiert, ma géint de Schoss vum Tah konnt hien näischt maachen. An der 88. Minutt huet de Brandt mam 4:1 fir de Schlusspunkt gesuergt.

LINK: Den Iwwebléck vun der Bundesliga

Premier League

Liverpool - Huddersfield Town 5:0

An der englescher Premier League hat Liverpool wéi erwaart keng Problemer mat Huddersfield Town. D’Ekipp vum Klopp huet souverän mat 5:0 gewonnen a steet erëm un der Spëtzt vun der Tabell. Dës bleift op d’mannst bis e Sonndeg esou, da spillt Manchester City eréischt géint Burnley.

Fir d’Goler hunn de Keita an der 1. Minutt, de Mané an der 23. a 66. Minutt an de Salah an der 45. an an der 83. Minutt gesuergt.

LINK: Den Iwwebléck vun der Premier League

Ligue 1

Girondins Bordeaux - Olympique Lyon 2:3

Am franséische Championnat huet Lyon sech e Freideg den Owend knapp mat 3:2 bei Girondins Bordeaux behaapt. D’Gäscht waren an der 14. Minutt duerch den Depay a Féierung gaangen. Duerno konnt Bordeaux de Match dréinen an ass duerch Goler vum Briand an der 34. Minutt an dem De Preville an der 38. Minutt mat 2:1 a Féierung gaangen. No der Paus huet Lyon awer eng Äntwert fonnt. De Cornet huet an der 67. Minutt op 2:2 gesat. Datt Bordeaux duerch eng rout Kaart vum Jovanovic vun der 73. Minutt un nëmmen nach zu 10 um Terrain stoung, huet de Gäscht an d’Kaarte gespillt. An esou huet den Dembélé mam 3:2 an der 85. Minutt dann och nach fir d’Victoire vu Lyon gesuergt.
Mat Metz steet och schonn deen éischten Opsteiger an d’Ligue 1 déi nächst Saison fest. D’Grenats hu sech e Freideg den Owend mat 2:1 beim FC Red Star behaapt an den Opstig domadder perfekt gemaach.

RTL-Artikel: Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Laurent Jans klëmmt mat Metz an d’Ligue 1 LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO