BundesligaKnapp Victoire vu Bayern géint Bielefeld

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems ka Köln de Rhäin-Derby géint Gladbach fir sech entscheeden an Dortmund ka sech beim Comeback vum Erling Haaland géint Wolfsburg behaapten. 
© AFP

An der Owespartie tëscht Bayern München an Arminia Bielefeld ka sech um Enn de Champion vu München no engem Gol vum Sané an der Schlussphase mat 1:0 duerchsetzen. Ouni grouss ze glänzen hu si sech um Enn verdéngt duerchgesat, géint eng Bielefelder Ekipp déi virun allem op kämpferescher Linn dogéint gehalen huet.

Dortmund ass denkbar schlecht an de Match komm, louch d’Ekipp vum Marco Rose no 2 Minutten no engem Gol vum Weghorst mat 0:1 a Réckstand. Déi Schwaarz-Giel haten dono awer méi vum Match, sou dass et net onverdéngt mat engem 1:1 (Can, 35') an d’Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel war Wolfsburg vill ze passiv an esou war et de BVB déi duerch Goler vum Malen (55') a vum agewiesseltem Haaland (81') de Match zu hire Gonschte gedréint hunn a sech mat 3:1 konnten an der VW Staat duerchsetzen. Déi nächste Woch kennt et dann zum Klassiker tëscht Dortmund a Bayern München.

Am Rhäin-Derby hu sech Köln a Gladbach näischt geschenkt, an hunn de Spectateuren ee spannenden an intensive Match gewisen, ouni awer all ze geféierlech virun de Goler opzedauchen. Modeste fir Köln an Zakaria fir Gladbach haten déi beschte Chancen, et sollt awer mat engem 0:0 an d’Kabinne goen. De Ljubici huet Köln dunn an der 55. Minutt a Féierung konnte schéissen, éier den Hofmann den Ausgläich (74') markéiere konnt. An der Schlussvéierlstonn huet Köln dunn duerch Goler vum Uth (77'), Duda (78') an Andersson (90+3') de Sak zougemaach. Köln klappt no intensiven 90 Minutte Gladbach mat 4:1.

Bochum louch wuel mat 0:1 a Réckstand, konnt de Match géint Freiburg duerch Goler vum Polter (54') a Pantovic (82') awer nach dréinen a gewënnt mat 2:1 géint d’Ekipp aus dem Breisgau.

Keng Punkte gouf et dann nach fir Greuther Fürth dat trotz enger 1:0-Féierung duerch de Leweling an der 22. Minutt. Hoffenheim huet an engem verrecktem Match nach virun der Paus de Match konnten dréinen, a ka sech trotz dem tëschenzäitlechen Ausgläich um Enn mat 6:3 zu Fürth duerchsetzen.

Laang huet et dono ausgesi wéi wann Hertha BSC géint den FC Augsburg géing gewannen. An der 7 Minutt vun der Nospillzäit huet Augsburg dunn awer nach den Ausgläich markéiert, sou dass sech béid Ekippen 1:1 trennen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO