
D’Halleffinalle ginn den nächste Weekend am Kader vum Luxembourg Beach Open um Escher Gaaljebierg gespillt.
Kolacny/Freidenfels hu sech no enger éischter Defaite an der Véierels-Finall géint Complak/Terwindt, iwwert d’Ronn vun de Verléierer géint Fellinger/Duch all Chancen opgehalen, hiren Titel vum leschte Joer ze verdeedegen.
Hilbert/Zender konnten an enger ganz spannender Véierelsfinall no 0:1 (19:21) Sazréckstand de Match dréinen a sech am decisiven 3. Saz géint Arapi/Pavelka fréizäiteg qualifizéieren. Arapi/Pavelka hu sech hirersäits och iwwert d’Ronn vun de Verléierer géint d’Finaliste vum leschte Joer Weber/Cloot behaapt.
An den Halleffinalle spillen den nächste Weekend: Hilbert/Zender géint Kolacny/Freidenfelds a Complak/Terwindt géint Arapi/Pavelka.rt.