
Köln - Düsseldorf 2:2
0:1 Karaman (41'), 0:2 Thommy (61'), 1:2 Modeste (88'), 2:2 Cordoba (90+1')
Düsseldorf huet d’Kölner Ekipp am Rheinderby fréi ënner Drock gesat a gepresst, an der éischter Hallschent war et d’Lokalekipp déi liicht méi Ballbesëtz Opweises hat. Am grousse Ganze war et en ausgeglachene Match mat wéineg Golchancen, ma d’Gäscht hu sech e Stéck méi aktiv gewisen. Mat engem 0:0 sollt et awer net an d’Paus goen. An der 41. Minutt war et de Karaman, deen nom Zouspill vum Skrzybsky d’Féierung fir d’Fortuna markéiert huet. Dobäi krut hien nach eng Hëllef vum Leistner, deen de Ball nach liicht ofgefälscht an dem Golkipp domat keng Chance gelooss huet.
Am zweeten Duerchgang huet Düsseldorf de Géigner komme gelooss a stoung an der Defense zimlech disziplinéiert. An der 59. Minutt huet de Bodzek den Uth zum Fale bruecht, sou dass den Arbitter op de Punkt gewisen huet. Ugetrueden ass den Uth selwer, ma de Kastenmeier am Gol huet de richtegen Eck gericht a konnt sou den Eelefmeter paréieren. 2 Minutten drop war et dann op der anerer Säit den Thommy, dee profitéiert huet a mat engem Schoss an de rietsen Eck op 2:0 fir Düsseldorf erhéicht huet. Köln huet awer net opginn an et weider probéiert, an ass dann och belount ginn. An der 88. Minutt war et als éischt de Modeste, dee mam Kapp op 1:2 verkierzt huet. An der 91. Minutt ass dem Cordoba dann nach den Ausgläich gelongen, wéi hien no enger Flank op der richteger Plaz stoung an de Kapp dohigehalen huet. Düsseldorf verspillt sech domat net nëmmen d’Victoire am Rheinderby, ma och dräi wichteg Punkten géint den Ofstig.
Mainz - Leipzig 0:5
0:1 Werner (11'), 0:2 Poulsen (23'), 0:3 Sabitzer (36'), 0:4 Werner (48'), 0:5 Werner (75')
No der 8:0 Victoire vu Leipzig géint Mainz an der Hironn waren d’Rolle virum Match e Sonndeg kloer verdeelt. Ouni de Leandro Barreiro an der Starteelef ass Mainz an de Match gaangen. Fréi ass dann och den éischte Gol fir de Gaascht gefall. De Werner stoung no enger Flank vum Laimer op der richteger Plaz a konnt no 11 Minutte Leizig a Féierung bréngen. Weider huet just Leipzig gespillt a sou konnt an der 23. Minutt de Poulsen mam Kapp op 2:0 erhéijen. Ronn 10 Minutte virun der Paus huet de Sabitzer da mat sengem Schoss aus dem Strofraum dem Golkipp keng Chance gelooss, sou dass Leipzig mat enger méi wéi verdéngter 3:0-Féierung an d’Paus gaangen ass.
Am zweeten Duerchgang war d’Bild weiderhin onverännert. Mainz huet kee Mëttel géint immens staark an dispziplinéiert Leipziger fonnt a sou konnt de Werner mat sengem Gol zum 4:0 an der 48. Minutt sou gutt wéi alles entscheeden. An der 61. Minutt ass dann de Leandro Barreiro agewiesselt ginn a ronn 3 Minutten drop ass et vum Lëtzebuerger Nationalspiller dann och schonn eng éischt geféierlech Aktioun ginn. No enger Flank vum Awoniyi huet hie mat engem Kappball just knapps iwwert d’Laat geschoss. De Werner hat awer nach net genuch mat sengen zwee Goler. An der 75. Minutt ass den däitschen Nationalspiller virum Golkipp äiskal bliwwen an huet mat sengem drëtte Gol op 5:0 erhéicht.
Schalke - Augsburg 0:3
0:1 Löwen (6'), 0:2 Sarenren Bazee (76'), 0:3 Cordova (90+1')
6 Minutten huet et op Schalke gedauert bis den éischte Gol fir d’Gäscht gefall ass. De Löwen huet dem Golkipp mat engem direkte Fräistouss aus ronn 25 Meter keng Chance gelooss an domat Augsburg fréi a Féierung bruecht. Duerno hat d’Lokalekipp méi Ballbesëtz, wosst awer net vill domat unzefänken. Augsburg stoung an der Defense disziplinéiert a sou ass déi éischt Hallschent, déi net vu grousse Golchance gelieft huet, mat enger knapper Féierung fir de Gaascht op en Enn gaangen.
Nom Säitewiessel war Schalke weiderhin net geféierlech a konsequent genuch, sou dass Augsburg ëmmer méi vum Match hat. An der 76. Minutt war et dann de Sarenren Bazee, dee mam zweete Gol fir d’Gäscht de Match sou gutt wéi entscheet huet. Ee Gol sollt awer nach falen. An der 91. Minutt war et nach de Cordova, deen op 3:0 erhéicht huet an domat och de Schlusspunkt vum Match gesat huet.
Köln - Düsseldorf (18:00 Auer)