
Düsseldorf - Freiburg 1:2
An der 42. Minutt konnt Düsseldorf duerch den Hennings mat 1:0 a Féierung goen. Bei engem Corner ass de Schwolow am Gol laanscht de Ball geflunn an den Hennings huet um 2. Potto de Ball just nach missen an de Gol käppen. Mee nach virun der Paus konnten d’Gäscht nach ausgläichen. No enger Flank vum Günter konnt de Schmid de Ball mam Fouss an de Gol drécken. An der 64. Minutt huet den Höler als éischt nach en Eelefmeter verschoss éier de Waldschmidt an der 81. Minutt mat engem flotte Solo den 2:1 konnt schéissen an domadder d’Victoire perfekt gemaach huet.
Köln - Hertha Berlin 0:4
Köln hat gutt ugefaangen, mä si sinn du wéi aus dem näischt an der 23. Minutt mat 0:1 a Réckstand geroden. Aus der Distanz huet den Dilrosun de Ball ganz schéin am Wénkel ënnerbruecht. An der 41. Minutt koum et dann nach méi batter fir den FC. Nodeems den Arbitter de Videobeweis konsultéiert huet, huet en dem Jorge Meré déi rout Kaart gewisen wéi en den Darida mat oppener Suel um Fouss getraff huet. No der Paus ass et fir Köln da ganz batter ginn. Si kruten innerhalb vu 4 Minutten 2 Goler vum Ibisevic (59.’, 63.’) geschoss. Mam 4:0 duerch de Boyata an der 83. Minutt huet Hertha alles kloer gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Neapel - Brescia 2:1
Fir Neapel konnten de Mertens (13.’) an de Manolas (45'+4.’) zwee Goler markéieren a mat 2:0 a Féierung bréngen. Brescia konnt an der 67. Minutt duerch de Balotelli op 1:2 verkierzen.
Lazio Roum - CFC Genua 4:0
Mat engem klore 4:0 gewënnt Lazio géint Genua an dat duerch Goler vum Milinkovic-Savic (7.’), Radu (40.’), Caicedo (59.’) an Immobile (78.’).
Udinese - As Roum 0:1
De Rival vu Lazio, den AS Roum, wënnt mat engem knappen 1:0 auswäerts géint Udinese. Den Dzeko konnt an der 56. Minutt den eenzege Gol vum Dag markéieren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga