
D’Zesummenaarbecht tëscht dem Markus Anfang an dem 1. FC Köln ass eriwwer. Trotz enger relativ souveräner Avance an der 2. däitscher Bundesliga huet de Veräin elo matgedeelt, dass den Anfang net méi op der Bänk setze wäert.
Nodeems de Veräin déi leschte 4 Matcher net méi gewanne konnt war d’Vertrauen an de 44-Jährege staark erofgaangen. No der Néierlag um Freideg gouf d’Ekipp a virun allem den Trainer staark vun den eegene Supporter kritiséiert a soumat hunn déi Verantwortlech de Schlusspunkt gesat.
Wien de Poste vum Trainer elo iwwerhëlt ass allerdéngs nach net kloer. Als Favorit gëllt bis ewell den aktuellen U21-Trainer André Pawlak, ma eng Confirmatioun vum Veräin a Persoun vum Armin Veh gëtt et nach net.