2. BundesligaKöln wënnt, ass Champion a steigt op

RTL Lëtzebuerg
No enger klorer 4:0-Victoire e Méindeg den Owend bei der Spielvereinigung Greuther Fürth duerf den 1. FC Köln sech nees op déi 1. Liga freeën.
© AFP

Ee Joer nom Ofstig ass den “Effzeh” nees éischtklasseg, wouriwwer sech och e sëlleche Fans zu Lëtzebuerg freeën dierften.

9 Deeg, nodeems sech den 1. FC Köln vum Trainer Markus Anfang getrennt hunn, kann den Opstig gefeiert ginn.

Fir den Ofschloss vum drëttleschte Spilldag huet Köln 4:0 géint d’SpVgg Greuther Fürth gewonnen a kann elo net méi vun der 1. Plaz an der 2. Liga gestouss ginn. Den Titel an den Opstig sinn also gebongt, och wann nach zwee Spilldeeg opstinn.

An der Paus war Köln ewell 3:0 vir. 3 Goler ginn op de Kont vum Jhon Cordoba, den 2:0 war e Selbstgol vum Daniel Steininger.

Den Interimstrainer Andre Pawlak kann no sengem 1. Match als Coach direkt den Opstig feieren ...

Back to Top
CIM LOGO