
Beim Descente-Klassiker op der “Stelvio” goung d’Victoire un den Éisträicher Vincent Kriechmayr. Op enger vun de schwieregsten an technesch usprochvollste Pisten hat de Kriechmayr um Enn eng Avance vu 40 Honnertstel op de Kanadier James Crawford. Den Descente-Spezialist Aleksander Aamodt Kilde aus Norwegen gouf den Drëtten op 68 Honnertstel.
D’Lara Gut-Behrami hat no engem richteg gudden éischten Duerchgang gutt Chancen op hir zweet Riseslalom-Victoire an dësem Wanter. D’Schwäizerin louch do nämlech 22 Honnertstel virun der Gewënnerin vun en Dënschdeg, der US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin. Mat schonns méi groussem Retard hunn hannendrun nach d’Italienerinne Bassino a Brignone gelauert.
Am zweete Laf ass et fir d’Lara Gut-Behrami net méi grad esou gutt gelaf. Si huet virun allem uewe vill Zäit verluer an huet sech um Enn misse mat der zweeter Plaz zefridde ginn. D’Victoire goung nämlech op en Neits un d’Mikaela Shiffrin, déi zwar net perfekt gefuer ass, ma nawell plazeweis e gutt Stéck méi séier war wéi hir direkt Konkurrentinnen. Déi drëtt Plaz war wéi schonns en Dënschdeg fir d’Marta Bassino aus Italien.