Schi AlpinKriechmayr wënnt de Super G zu Hinterstoder

RTL Lëtzebuerg
D'Startnummer 1 war e Samschdeg beim Super G zu Hinterstoder um Enn dem Éisträicher Vincent Kriechmayr och säi Schlussresultat.
© AFP (Archiv)

De Vincent Kriechmayr huet e Samschdeg am Schi Alpin de Super G zu Hinterstoder an Éisträicher gewonnen. Viru sengen eegene Spectateuren huet sech de Kriechmayr virum Schwäizer Mauro Caviezel (+0,05 Sekonnen) duerchgesat. Op de Podium ass nach den Éisträicher Matthias Mayer (+ 0,08 Sekonne) gefuer.

Bei den Damme gouf et e Samschdeg zu La Thuile an Italien eng Première. D’Nina Ortlieb konnt sech am Super G iwwert hir éischte Victoire an hirer Karriär freeën. Am Aostatal konnt sech d’Éisträicherin ganz knapp virun der Favoritin Federica Brignone aus Italien duerchsetzen. Nëmmen zwou Honnertstel loungen um Enn tëscht béide Schifuererinnen. Déi drëtte Plaz war fir d’Schwäizerin Corinne Suter mat engem Retard vu 7 Honnertstel.

Back to Top
CIM LOGO