SchisprangenKubacki wënnt den Optakt vun der neier Saison

RTL Lëtzebuerg
Nieft der polnescher Victoire bei den Häre konnt bei den Dammen d'Silje Opseth aus Norwegen dat éischt Sprange vun der Saison wannen.
© AFP

Am polnesche Wisla war e Samschdeg den Optakt vun der neier Saison am Schisprangen.

Bei den Häre gouf et do eng Victoire fir den Dawid Kubacki aus Polen. Mat 272.20 Punkten konnt hie sech virum Halvor Egner Granerud (266.60) an dem Stefan Kraft (258.00) duerchsetzen.

Bei den Damme war et d’Silje Opseth aus Norwegen, dat sech mat 251.50 Punkte virun den zwou Éisträicherinnen Marita Kramer (244.20) an dem Eva Pinkelnig (243.10) déi éischt Victoire vun der Saison séchere konnt.

Back to Top
CIM LOGO