VéierschanzentournéeKubacki wënnt mat Schanzerekord, Granerud neie Leader

RTL Lëtzebuerg
Op Neijoerschdag stoung traditionell dat zweet Sprange vun der Véierschanzentournée zu Garmisch-Partenkirchen um Programm.
© AFP (Archiv)

Nom éischten Duerchgang louch den Norweger Halvor Egner Granerud a Féierung. Dat mat engem Punkt Avance op den Dawid Kubacki aus Polen a 7,2 Punkten op den anere Pol Kamil Stoch.

Duerch ee ganz staarke Sprong op 144 Meter am zweeten Duerchgang huet sech um Enn den Dawid Kubacki d’Victoire geséchert. Hien huet domadder een neie Schanzerekord realiséiert. Um Podium stoungen nach den Norweger Halvor Egner Granerud an de Piotr Zyla aus Polen.

Am General ass elo den Halvor Egner Granerud virop. De Karl Geiger, deen den Optakt gewonnen hat, ass um Freideg no engem schwaachen éischten Duerchgang nach de 5. ginn an huet elo e Retard vu ronn 4 Punkten op de Leader. Drëtten ass de Stoch mat engem Retard vu 6,7 Punkten.

Net méi mat dobäi ass iwwerdeems den Norweger Marius Lindvik. De Gewënner vum Neijoerschsprange vun zejoert huet wéinst Problemer mat den Zänn missen opginn.

Back to Top
CIM LOGO