
Am 1. Duerchgang konnt den Dawid Kubacki direkt richteg Drock opbauen. Mat engem Sprong op 127 Meter ënner net de beschte Meteoskonditioune konnt hie sech souverän un d’Spëtzt setzen. De Pol hat nom 1. Duerchgang schonns 6,9 Punkten Avance op den Anze Lanisek an 9,4 Punkten op säi Landsmann Kamil Stoch. De Leader am General a Gewënner vun den éischten zwou Manchen, den Halvor Egner Granerud koum no sengem éischte Sprong just op déi 6. Plaz mat engem Réckstand vun 12,8 Punkten.
Mat engem Saz op 133 Meter huet de Granerud dunn am zweeten Duerchgang awer gewisen, datt hie mat deem Drock richteg gutt eens gëtt. Den Norweger konnt sech doduerch ferm verbesseren a koum um Enn op déi 2. Plaz nach no vir mat engem Réckstand vun 3,5 Punkten op de Gewënner Dawid Kubacki aus Polen. De Podium gouf komplettéiert vum Anze Lanisek.
Am General läit de Granerud no 3 Sprange weiderhi souverän un der Spëtzt vun der Véierschanzentournée. Zweeten ass hei den Dawid Kubacki.