
Seng Supporter haten him et esou gewënscht - um Enn goufe si fir d’Daumenhale belount. De Kultspiller Paul Lim huet bei der Darts-WM 2021 fir eng weider Iwwerraschung gesuergt a steet an der zweeter Ronn.
Den antëscht 66 Joer ale “Singapore Slinger” ass fir 25. Kéier bei der Darts-WM mat dobäi an huet e Freideg den Owend an der éischter Ronn no enger bemierkenswäerter Energieleeschtung den Englänner Luke Humphries eliminéiert. De Lim huet d’Partie, déi e richtege Krimi war, mat 3:2 gewonnen.