
Bei den Damme stounge sech zwou Fed-Cup-Spillerinne géintiwwer. Um Enn ka sech d’Tiffany Cornélius an 2 Sätz mat 7:5 a 6:1 géint d’Claudine Schaul duerchsetzen.
E Brudderduell gouf et dogéint an der Finall bei den Hären. Hei hat den Davis-Cup-Spiller Robi Tholl déi besser Ausgangspositioun a klappt säi Brudder Christophe mat 6:0 a 6:4.