Ski AlpinLara Gut-Behrami an Aleksander Aamodt Kilde mat Victoiren

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme konnt d'Lara Gut-Behrami de Riseslalom fir sech entscheeden, bei den Hären huet den Aleksander Aamodt Kilde d’Descente gewonnen.
© AFP

Bei den Dammen ass e Samschdeg zu Killington an den USA ee Riseslalom gefuer ginn. Hei konnt sech d’Lara Gut-Behrami mat enger Zäit vun 1:44,08 Minutten déi éischt Plaz sécheren. Et ass zugläich déi 35. Weltcup-Victoire fir d’Schwäizerin. Op déi zweet Plaz ass d’Italienerin Marta Bassino gefuer, dat mat engem Retard vu just 0,07 Sekonnen. D’Schwedin Sara Hector huet de Podium mat engem Réckstand vun 0,2 Sekonnen komplettéiert.

Bei den Hären ass amplaz vum geplangte Super G d’Descente zu Lake-Louise gefuer ginn, déi e Freideg huet missen ofgesot ginn. Hei war den Norweger Aleksander Aamodt Kilde de séiersten, dat mat enger Zäit vun 1:47,98 Minutten. 0,06 Sekonne méi lues war den Éisträicher Daniel Hemetsberger, wärend de Schwäizer Marco Odermatt mat engem Retard vun 10 Honnertstel op déi drëtte Plaz gefuer ass.

Back to Top
CIM LOGO