Schi-WMLara Gut-Behrami séchert sech zweet Goldmedail

RTL Lëtzebuerg
Am Riseslalom huet sech d'Schwäizerin knapp mat zwee Honnertstel-Virsprong virum Mikaela Shiffrin behaapt.
© AFP

No Gold am Super-G a Bronz an der Descente huet d’Schwäizerin Lara Gut-Behrami en Donneschdeg op der Alpine-Schi-Weltmeeschterschaft zu Cortina d’Ampezzo an Italien och Gold am Riseslalom kritt. Déi 29 Joer al Schwäizerin huet sech mat engem Virsprong vun nëmmen 2 Honnertstel op d’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin den Titel geséchert. Bronz goung un d’Éisträicherin Katharina Liensberger, déi den Titel och nëmmen ëm 9 Honnertstel verpasst huet.

Back to Top
CIM LOGO