Olympesch WanterspillerLara Gut-Behrami wënnt de SuperG bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
D'Schwäizerin Gut-Behrami hat um Enn 0,22 Sekonne Virsprong op d'Mirjam Puchner aus Éisträich an 0,3 Sekonnen op d'Michelle Gisin aus der Schwäiz.

D’Tamara Tippler (Éisträich) huet d’Bronze-Medail ëm just 0,03 Sekonne verpasst. Déi matfavoriséiert Federica Brignone (Italien) koum just op Plaz 7, d’Mikaela Shiffrin (USA) koum just op Plaz 9.

Fir d’Lara Gut-Behrami ass et déi zweet Medail zu Peking, no Bronz am Riseslalom.

Back to Top
CIM LOGO