
D’Lara Gut-Behrami war e Freideg bei der Descente am Fassa-Dall déi Bescht. D’Schwäizerin huet sech mat engem knapp Virsprong vun 0,02 Sekonne virun der Éisträicherin Ramona Siebenhofer behaapt. Op déi drëtte Plaz ass d’Weltmeeschterin an der Descente Corinne Suter gefuer. D’Schwäizerin hat e Retard vun 0,26 Sekonnen.