Nationale FuttballLars Gerson wiesselt op Käerjeng, Amy Thompson op Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
Um leschten Dag vum nationalen Transfertfënster hu verschidde Veräiner en Dënschdeg nach eng Kéier zougeschloen.
© Alex Benavente (RTL Archiv)

De Lëtzebuerger Nationalspiller Lars Gerson huet beim Opsteiger UN Käerjeng ënnerschriwwen a spillt deemno och déi nächst Saison an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball. Den 99-fachen Nationalspiller war réischt am Wanter bei de Progrès Nidderkuer gewiesselt.

Donieft huet d’Amy Thompson bei den Damme beim FC Déifferdeng 03 ënnerschriwwen. D’Spillerin, déi bis ewell déi meeschte Goler bei de Roude Léiwinne geschoss huet, war déi lescht Saison fir de Swift Hesper aktiv.

Back to Top
CIM LOGO