
Bei der Futtball-Europameeschterschaft muss England eng Strof an Héicht vun 30.000 Euro bezuelen.
D’Uefa huet d’Three Lions bestrooft, well et an der Halleffinall zu enger Laser-Attack géint den dänesche Golkipp Kasper Schmeichel komm war. Beim decisiven Eelefmeter an der Verlängerung war versicht ginn, hie mat engem Laserpointer ofzelenken. Donieft haten och e puer Fans wärend der dänescher Nationalhymn gepaff an et goufen och Knupperten ofgebrannt.
England hat d’Skandinavier mat 2:1 no Verlängerung geklappt.
