Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans a Léck spillen 1:1-Gläich géint Antwerpen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Karlsruhe mam Dirk Carlson 3:0 géint St. Pauli gewonnen. An de Vahid Selimovic huet mat Kreta 0:2 géint Piräus verluer.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

De Gerson Rodrigues huet mat Dynamo Kiew doheem kloer mat 0:3 de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung bei der Defaite 71 Minutten um Terrain éier dem Fligelstiermer säin Aarbechtsdag op e Enn gaangen ass.

A Portugal huet Nacional Funchal mam Vincent Thill 2:1 géint Gil Vicente gewonnen. De Lëtzebuerger ass awer an der Hallschent fir den Victor ausgewiesselt ginn. Bei Gil Vicente stoung den Tim Hall net am Kader. An der 2. Divisioun huet Vilafranquense ouni den Eric Veiga 0:0 géint Academica Coimbra gespillt.

An der 2. Belscher Liga huet St. Gilloise mam Golkipp Anthony Moris 3:0 géint Deinze behaapt. De Lëtzebuerger hat domat op e Neits e gudden Aarbechtsdag ass ass ouni Géigegol bliwwen.

De Vahid Selimovic ass an der Griichescher Super League mat Kreta géint Olympiakos Piräus ugetrueden. Bei der 0:2 Néierlag stoung de Lëtzebuerger 90 Minutten um Terrain. Hien krut an der 21. Minutt déi giel Kaart vum Arbitter gewisen. Goler fir Piräus hunn de Koka (54') an de Masouras (80') geschoss.

De Standard vu Léck war op Besuch bei Antwerpen. D’Lokalekipp ass no 10 Minutten duerch de Refaelov a Féierung gaangen. An der 68. Minutt konnt de Lestienne fir Léck ausgläichen. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp Laurent Jans ass an der 82. Minutt op den Terrain komm. Béid Ekippe spillen no 90 Minutten 1:1-Gläich.

An der 2. Bundesliga a Däitschland war um Sonnden de Mette Karlsruhe op Besuch zu Hamburg bei St. Pauli. D’Gäscht kennen sech no Goler vum Thiede, Gondorf a Hofmann mat 3:0 duerchsetzen. Den Dirk Carlson ass an der 80. Minutt fir den Heise agewiesselt ginn.

An der MLS an den USA huet New York City mam Maxime Chanot mat 4:3 géint Chicago Fire gewonnen. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun. No 23 Spilldeeg steet New York op der 5. Plaz an der Tabell. Déi 6 éischt qualifizéiere sech fir d’Véierelsfinallen.

Samschdeg

An der 1. Däitscher Bundesliga stoung de Leandro Barreiro mat Mainz um Terrain an ass op Schalke getraff. De Barreiro stoung bis zur 79. Minutt um Terrain. Um hu sech béid Ekippen d’Punkten beim 2:2 gedeelt. Dëst ass den éischte Punkt fir Mainz an dëser Saison.

An der 3. Däitscher Liga gouf et eng 2:1-Victoire fir Saarbrécken géint Dresden duerch e Gol vum Jacob an der 90. Minutt. De Maurice Deville gouf an der 76. Minutt agewiesselt a war mat um 2:1 bedeelegt.

Och de Jeff Saibene ka mat Kaiserslautern mat 2:1 zu Zwickau gewannen. Och hei war et e spéide Gol an der 86. Minutt dee fir d’Entscheedung gesuergt huet.

A Russland war de Sebastien Thill mat Tambow am Asaz an ass op Grosny getraff. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 76. Minutt agewiesselt a verléiert mat 0:1 duerch e Gol an der 87. Minutt.

Mat 0:2 verléieren de Lars Gerson an Norrköping zu Mjällby a stinn an der Tabell op der 5. Plaz. De Lëtzebuerger war während dem ganze Match als Lenksverdeedeger um Terrain.

Eng 0:1-Néierlag gouf et fir den Enes Mahmutovic mat FK Lwiw géint Oleksandrija. De Mahmutovic stoung déi ganz Spillzäit um Terrain.

Mat engem 1:1 huet sech an der Belsch den Danel Sinani a Waasland-Beveren mat Eupen gedeelt. An der 90. Minutt gouf de Lëtzebuerger ausgewiesselt. An der Tabell steet Waasland-Beveren op der zweetleschter Plaz.

Am hollännesche Championnat huet Sparta Rotterdam mam Mica Pinto auswäerts mat 2:0 géint RKC Waalwijk gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain a krut an der 90. Minutt déi giel Kaart gewisen.

Back to Top
CIM LOGO