
D’Chance ass grouss, datt de Laurent Jans en Donneschdeg den Owend an der Futtball-Europa-League beim Standard vu Léck mat ufänkt. D’Ekipp spillt bei Lech Posen a Polen.
RTL- Informatiounen no si beim Standard nämlech e puer Spiller positiv op de Covid getest ginn, dorënner och de Collins Fai. De Spiller aus dem Kamerun ass, genee wéi och de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp, Rietsverteideger an huet an de leschte Matcher ëmmer gespillt.