
Den Tabelleleader Diddeleng huet bei engem 1:1 géint de Racing Punkte leie gelooss. D’Gäscht aus der Stad ware kuerz virun der Paus duerch e Kappball vum Pina Gomes a Féierung gaangen. Den F91 war zwar selwer gutt am Match, konnt eng gutt Prestatioun ufanks awer net an e Gol ëmmënzen. Nom Säitewiessel sollt dat dann am Numm vum Kirch geléngen, sou datt et um Enn beim gerechte Remis bliwwen ass.
Rouspert confirméiert seng gutt Form a bleift no enger 2:1-Victoire géint Käerjeng weider op der zweeter Plaz an der Tabell. An der éischter Hallschent konnt Käerjeng duerch en Eelefmeter vum Boutrif a Féierung goen a war och nom 1:0 déi besser Ekipp. Kuerz virun der Paus sollt de Rousperter dann nach de liicht glécklechen Ausgläich duerch de Steinbach geléngen. An der zweeter Hallschent huet d’Lokalekipp dann d’Rudder iwwerholl a konnt no engem Fräistouss dann och a Féierung goen. D’Käerjenger Gäscht konnten trotz Beméiunge keng Reaktioun méi a Form vun engem Ausgläichsgol weisen. Duerch déi Victoire verkierzt Rouspert den Ecart op den F91 op zwee Punkten.
D’Jeunesse Esch huet sech da mat 4:0 géint Rodange behaapt. No enger relativ roueger éischter Hallschent stoung fir d’Paus eng knapp 1:0-Féierung duerch ee Gol vum Klica. Nom Säitewiessel gouf et da mat zwee Goler bannent knapp zéng Minutten eng kal Dusch fir d’Gäscht vu Rodange an eng kleng Virentscheedung. Den Deckel drop gemaach huet dann de Flick mam 4:0 a sengem éischte Gol fir d’Jeunesse.
Eng däitlech Victoire gouf et dann och fir d’UNA Stroossen, déi sech och mat 4:0 géint Hueschtert duerchsetze konnt. Dann huet de Progrès Nidderkuer mat 2:1 zu Péiteng gewonnen, Munneref3:1 géint Mamer a fir de Swift Hesper gouf et doheem eng 1:2-Defaite géint Biissen.
E Sonndeg den Owend huet sech den FC Déifferdeng fir den Ofschloss nach mat 3:1 géint den FC Jeunesse Kanech duerchgesat.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater