Internationale FuttballLeader Liverpool léisst géint Southampton näischt ubrennen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems hu sech Leicester an Chelsea bei engem 2:2 d'Punkte gedeelt.
© AFP

Premier League

Liverpool - Southampton 4:0
1:0 Oxlade-Chamberlain (47'), 2:0 Henderson (60'), 3:0, 4:0 Salah (72', 90')

D’Reds, déi mëttlerweil an der Premier League e Virsprong vun 19! Punkten op den Zweeten hunn, si favoriséiert an d’Partie géint Southampton gaangen. An de leschte 5 Ligamatcher géint d’Saints ass Liverpool all Kéiers als Gewënner vum Terrain gaangen. Déi éischt 45 Minutte sinn allerdéngs mat engem 0:0 op en Enn gaangen, och wa Liverpool méi vum Spill hat.

Nom Säitewiessel hunn d’Jonge vum Trainer Klopp dunn awer opgedréint an 3 Goler geschoss. Den Optakt huet den Oxlade-Chamberlain mat engem secke Rietsschoss gemaach, am weidere Verlaf vun der Partie hunn den Henderson mat engem an de Salah mat weidere Goler de Match entscheet.

Leicester - Chelsea 2:2
0:1, 2:2 Rüdiger (46', 71'), 1:1 Barnes (54'), 2:1 Chilwell (64')

No den éischte 45 Minutten ouni Goler, sollt dat ronnt Lieder am 2. Duerchgang awer puer mol am Filet landen. D’Blues si kuerz nom Säitewiessel duerch de Rüdiger a Féierung gaangen, hunn den Avantage awer bannent kuerzer Zäit nees aus der Hand ginn - d’Foxes waren tëschenzäitlech 2:1 vir. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet den däitschen Defenseur eng weider Kéier markéiert a fir Chelsea nees ausgeglach - 2:2 war dunn och d’Schlussresultat.

© AFP

Manchester United - Wolverhampton 0:0

Am Match tëscht de Red Devils an de Wolves gouf et eng Nullnummer.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Roma 4:2
1:0, 2:0 Caputo (7', 16'), 3:0 Djuricic (26'), 3:1 Dzeko (55'), 3:2 Veretout (72'), 4:2 Boga (74')

Den Underdog vu Sassuolo huet d’Réimer an den éischte 45 Minutten mat engem 3:0 um falsche Fouss erwëscht. Dono koum d’Roma nees op ee Gol erun, éier d’Heemekipp ronn eng Véierelsstonn viru Schluss de 4:2 markéiere konnt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

PSG - Montpellier 5:0
1:0 Sarabia (8'), 2:0 Di Maria (41'), 3:0 Congre - Selbstgol (44'), 4:0 Mbappé (57'), 5:0 Kurzawa (65')

Stroossbuerg - Lille 1:2
1:0 Thomasson (12'), 1:1 Gabriel (65'), 1:2 Osimhen (80')

D’Ekipp vum President Gérard Lopez louch no den éischte 45 Minutte mat 0:1 am Réckstand. Dono ass de LOSC erwächt a konnt an der Folleg d’Partie dréien. Lille steet an der Tabell vun der Ligue 1 op der 4. Plaz.

Nîmes - Monaco 3:1
0:1 Ben Yedder (13'), 1:1 Martinez (27'), 1:2 Philippoteaux (62'), 1:3 Martinez (79')

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Altético Madrid 1:0
1:0 Benzema (56')

Am Derby vu Madrid war de Benzema den entscheedende Mann. De Fransous huet an der 2. Hallschecht fir seng Faarwen de Score, no enger Flank vum Mendy, opgemaach - déi Kinneklech sollten dës Féierung dann och net méi bis zum Schluss aus der Hand ginn. Real ass mat dëser Victoire an der Tabell weiderhin uewenaus, Atlético ass op der 5. Plaz.

© AFP

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

RTL NEWS: Bundesliga: Bayern 3:1 wënnt zu Mainz, Dortmund klappt Union 5:0

Back to Top
CIM LOGO