BundesligaLeandro Barreiro d'nächst Woch zeréck um Futtballterrain

RTL Lëtzebuerg
No e puer Woche Paus, wéinst der Corona-Kris, fänkt d'Ekipp vum Lëtzebuerger, den FSV Mainz 05, d'nächst Woch nees mam Training um Terrain un.
© AFP (Archiv)

Wéi de 15. an der Tabell vun der däitscher Bundesliga e Sonndeg matgedeelt huet, sinn Exercicer a klenge Gruppe virgesinn. Den Training ass “à huis clos” a géif och den Oplage vun de Gesondheetsagencen entspriechen, heescht et weider. Wéinst der Corona-Pandemie gouf de Spillbetrib an Däitschland bis den 30. Abrëll op Äis geluecht.

Um Sonndeg geet och Trainingspaus op en Enn, déi déi däitsch Futtball-Liga recommandéiert huet. Un dës Frist hu sech allerdéngs net all 36 Profiveräiner gehalen. Verschiddener si scho méi laang nees zeréck um Terrain an trainéieren do a klenge Gruppen.

Back to Top
CIM LOGO